Iwwert eis

Den 19. Oktober 2022 hunn eng Partie engagéiert Bierger aus dem Kanton Gréiwemacher eng Kooperativ ënnert dem Numm „Energiekooperativ Kanton Grevenmacher“ gegrënnt.

D’Energiekooperativ Kanton Grevenmacher ass eng kooperativ Gesellschaft, déi vun engem Verwaltungsrot geleet gëtt. Dësen setzt sech aus 7 Persounen zesummen: Lucien Heyder (Präsident), Michèle Biel (Vize-Präsidentin) (feelt ob der Photo), Raymond Aendekerk, Marc Krier, Robert Mehlen, Norry Schneider, Carlo Werner

Duerch di nei gegrënnten Energiekooperativ kënnen elo all Awunner vum Kanton Gréiwemaacher mat enger Bedeelegung un enger gemeinsamer Photovoltaikanlag hire Bäitrag zum Gelénge vun der Energietransitioun leeschten. D‘Sonn liwwert onendlech vill Energie déi eis dobäi och nach gratis, onbegrenzt an ëmweltfrëndlech zur Verfügung steet. Duerch d‘Photovoltaik gëtt se a propperen «grénge Stroum» ëmgewandelt.

D‘Ziler vun der Kooperativ sinn:

  • D‘Ëmsetzen an d‘Entweckelen vu Projeten am Zesummenhang mat der Produktioun vun erneierbarer Energie mat der Bedeelegung vun de Bierger;
  • D‘Produktioun, den Akaf a Verkaf vun erneierbarer Energie;
  • D’Förderen vun engem rationalen a verantwortlechen Ëmgang mat der Energie bei hire Memberen a bei alle Bierger;
  • D’Ënnerstëtzen vun de Memberen beim Choix vun hirer Energie, am Kader vun der Emsetzung vun individuellen nohaltegen Produktiouns- a Consommatiouns-Léisungen ; am Sënn vun der Maîtrise vum Verbrauch, der Reduzéierung vun den Energiekäschten an der Reduktioun vum ekologesche Foussofdrock;
  • D’Ureegen vun der allgemenger Diskussioun zum Thema Energie, fir eng nohalteg Energiepolitik ze promouvéieren. 

D‘Projete gi prioritär um Gebitt vum Kanton Gréiwemaacher realiséiert.  
D’”Energiekooperativ Kanton Grevenmacher hëlleft mat sengen Aktivitéiten och national Ziler a punkto Energie- a Klimapolitik ze erreechen. Lëtzebuerg verfollegt d‘Zil, den Undeel un erneierbarer Energie vun 11% am Joer 2020 op 25% bis zum Joer 2030 unzehiewen.
Investéiert gi soll an d’Produktioun vun erneierbaren Energië wéi Sonn, Wand- an/oder Waasserkraaft a Biomass, awer och am Beräich vun der Energieeffizienz.
En Inventaire vun de verschidden kommunalen Daachflächen bei den eenzelen Gemengen gouf schonn duerchgefouert, woubäi eng Rei vun ëffentlechen Diech identifizéiert goufen, wou eng Photovoltaikanlag installéiert ka ginn.

D’Finanzéierung vun deenen Anlagen soll prioritär duerch d’Bierger aus dem Kanton Gréiwemaacher erfollegen an deem si Undeeler zu jee 100€ kafen. Doduerch ginn si dann och Member vun der Kooperativ, kënne mat diskutéieren an decidéieren, a leeschten esou hire perséinleche Bäitrag zum Klimaschutz.
Dëst ass eng Initiativ, déi vum LEADER Miselerland am Kader vu sengem Projet «Erneuerbare Energien im Miselerland» ugestouss gouf.  Finanziell Ënnerstëtzung koum vu de 14 LEADER-Gemengen am Miselerland, vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau & ländlech Entwécklung a vun der Europäescher Unioun.

Hei kënnt Dir eis Statuten eroflueden. (op Franséisch)

xnxx,
xvideos,
xvideos,
hentai,
porn,
xnxx,
sex việt,
Phim sex,
tiktok download,
mp3 download,
download tiktok,
Legitimately Meaning,
save tiktok,
MY FREE MP3,
porno,